News

No der EM steet bei eis den Fussball och erëm an Virdergrond.

Déi néi Saison wäert den 29. August offiziell ugoen.Virum Start vun der néier Saison spillen mir am eischter Tour vun der Coupe FLF zu Greiwels, den 25.08 um 20. Eis Senior I - Equipe spillt och wéi lescht Joer erëm an der Divisioun 2 mam Bezierk 1 . Duerch den Ofbroch vun der Saison 2020/21 gouf et jo bekannter Mossen keen Ofsteiger bezéiungsweis keen Opsteiger, domat bleiwen och eis Géigner fir des Joer déi selvescht. Den éischten Match vun eisen Jongen ass dann och, wei schonn ugeschwat, den 29. August zu Rammerech um Terrain. Resultater wärend der Saison sou wei och Tabelle fannt dir wei gewinnt an der Rubrik vun eisen Equippen.

Wat fir eis Senior I gëllt, zielt natierlech och fir eis 2t Equipe. Déi weider an hirer Divisioun 4 Bezierk 2 wäerten spillen. Den Saisonoptakt fir eis Senior II fänkt Freides den 10.09 mat engem Heematch un géint Excelsior Greiwels.

Mir freeën eis drop iech bei eisen Matcher kennen ze begréissen an hoffentlech des kéier fir eng ganz Saison. Eis Heemmatcher laafen ennert dem Bekannten Covid-Check off. Merci fir äer Verständnis.

Support your local club! FC Biekerech!


Member's Kaart 2021/2022

Wéi all Saison bei eisen Heemmatcher, huet dir Méiglechkeet den Spillball ze sponseren [75€].

Wann dir interesséiert sidd, een Spillball ze sponseren, keent dir iech gären beim Veräin mellen oder per Tel. um 621 681 565

Transfert 2021/2022

Den FC Biekerech huet fir déi nei Saison hire Kader mat erfuerenen Spiller sou wei och mat a puer Jugendspiller verstäerkt. Mir sinn houfreg iech eis Neizougäng fir Saison 2021/22 ze präsentéieren:

  • GOMES CARDOSO Joao Pedro [Alliance Äischdall]

  • ROMMELFANGER Noah [Alliance Äischdall]

  • EKANGAKI-DINGAMBE Brice [FC Cebra 01]

  • MONTEIRO DA CUNHA Michel [Résidence Walferdange]

  • MEYERS Mike [SC ELL]

  • CARVALHO GOMES Mike [US Berdorf Consdorf]

  • DIAKHATE Saliou [ES Villerupt-Thil/FR]

  • BROQUARD Nicolas [ES Villerupt-Thil/FR]

Stage Colmar

du 23/02 au 26/02/2020
Carousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel imageCarousel image